
E gemeinsame Bréif vun de Kënschtler Vincent Van Gogh a Paul Gauguin aus dem Joer 1888 ass zu Paräis fir 210.000 Euro versteet ginn.
De Van Gogh an de Gauguin hunn de Bréif, deen un de Kënschtler Emile Bernard adresséiert war, wärend zwee Deeg am November 1888 geschriwwen. Déi zwee hunn doranner hiren Usproch betount, fir déi modern Konscht ze erneieren. Et wär eng “gewalteg Renaissance” vun der Konscht am Gaang, sou de Van Gogh.
De berüümten hollännesche Moler beschreift awer och säi Verhältnis zum Gauguin, deen hien “als Mann” géing interesséieren. Gemeinsam mam Gauguin hätt hien “Ausflich a Bordelle” gemaach.
De Paul Gauguin ass eréischt op der leschter Säit vum Bréif zu Wuert komm. Do huet hie seng Iddi vun enger “Zukunft an den Tropen als Moler” bekräftegt. Seng Biller aus der Südsee goufe spéider weltbekannt.
De Gauguin an de Van Gogh hunn Enn 1888 e puer Méint gemeinsam zu Arles gelieft an zesumme gemoolt. Wären dem Openthalt vum Gauguin zu Arles koum et zum berüchtegte Virfall, bei deem sech de Van Gogh een Ouer ofgeschnidden huet, fir et enger Prostituéierter ze iwwerreechen.