BerlinaleGëllene Bier geet un den iranesche Film "There is no evil"

RTL Lëtzebuerg
Bei der Berlinale ass e Samschdeg den Owend de Film vum iranesche Regisseur Mohammad Rasoulof mam Gëllene Bier ausgezeechent ginn.
© AFP (Archiv)

D’Berlinale zielt nieft Cannes a Venedeg zu de wichtegste Filmfestivaller vun der Welt.

De Realisateur vum Film iwwert d’Doudesstrof Mohammad Rasoulof konnt selwer net derbäi sinn, well hien net huet dierfen aus dem Iran reesen. Hie war d’lescht Joer zu engem Prisong wéinst engem “Ugrëff op d’Sécherheet vu sengem Land” verurteelt ginn, huet seng Strof awer net missen untrieden.

Back to Top
CIM LOGO