Kultur trotz CoronaGedanken iwwer den Deconfinement an de Muséeën

RTL Lëtzebuerg
Elo ginn d’Muséeën lues a lues op. Mee wéi een Impakt wäerten déi nei Sëcherheetsmoossnamen op d’Betruechten, d’Wouerhuelen vu Konschtwierker hunn?
© Jean-Marie Biwer am MUDAM

Wat passéiert am a nom Deconfinement? Wéi wäerten d’Leit sech verhalen, wann se an e Musée ginn, sech en Danz-oder Theaterstéck ukucken, e Concert lauschteren oder sech an eng Liesung sëtzen? Wat passéeiert am neie Konscht-Alldag?

Et wäert bal scho wéi eng Performance ausgesinn, wann ee mat zwee Meter Ofstand a Mask virum Gesiicht deem Anere schnell Plaz mécht, wann en zu méi Spectateuren ze no un d’Bild erukënnt. Oder wann een deen Aneren am grousse Bou ëmkreese muss, fir sech an déi nächst Schlaang virun dat nächst Bild ze stellen.
An da stellt sech d’Fro: Kann e sech nach laang a fräi genuch mam Konschtwierk auserneesetzen, et bewonneren, kritesch hannerfroen, et wierke lossen?

© Villa Vauban

Datt all Zort vun Ausstellung mëttlerweil virtuell ka besicht ginn, ass éischtens mat engem Inklusiounsgedanken verbonnen – dat war et awer scho virun der Kris. Jiddereen soll Zougang kréien, och déi, déi net esou einfach an e Musée kënne goen.
An an der Kris ass déi Ëmstellung e Rettungsanker ginn. Mee ass de Genoss vun enger Expo net un de Bléck gebonnen, dee fräi dohier wanderen kann a sech verdéiwe soll ? Kritt en an enger Ausstellung iwwer Computerschierm nach déi déck Faarfschichten vun engem Van Gogh oder den aussergewéinlechen Hell-Donkel-Kontrast vun engem Caravaggio genau esou mat?

Et gëtt den Ament natierlech keng richteg Alternativ, Gesondheet a Sëcherheet am Konschtwiesen gi vir. An d’Visibilitéit vum Musée, den Accès zu de Biller, historeschen Objeten a Skulpturen fir de virwëtzegen an interesséierte Public muss a soll bleiwen. An awer sinn do vill Froen, déi sech bei der Betruechtung an der Wierkungskraaft vu Konscht an den nächste Wochen a Méint wäerte stellen.

© The Portrait Society vum Roland Schauls am MNHA

Back to Top
CIM LOGO