D’Preparatiounen dofir lafen op Héichtouren, well fir e Kiermes-Gefill wëll de Bartrenger Forain Jérôme Zellweger suergen. Well all déi offiziell Festivitéit bis op d’mannst den 31. Juli ofgesot goufen, kritt een deemnächst seng traditionell gebrannten Nëss, Nougat, a Pomme d’amour am Drive-In Format.
Nach stinn d’Regaler eidel, ma d’Preparatioune lafen op Héichtouren. De Jérôme Zellweger, Besëtzer Confiserie Coné:
„Ech wäert awer och mat neie Produiten ufänken, wou ech elo Maschinnen e Mëttwoch wäert aus Däitschland geliwwert kréien. Bis e Freideg wäert ech dann hei komplett fäerdeg sinn, wou d’Leit da vun 2 Auer mëttes u bis 8 Auer kënne Bestellunge maachen a se laanscht siche kënne kommen. Dat alles natierlech mam néidegen Ofstand. Mir wäerten do och nach Barrièren opriichten.”
Méi wäit ass en do zu Leideleng. Wärend der Preparatioun op d’Oktav koum d’Iddi, déi allsäits beléifte Wafel esou ze verkafen. De Jean-Marc Vanderwaeren, Besëtzer vu Jean La Gaufre, erkläert:
„Ech hunn d’Wafelen an menger Garage gemaach. Dunn hunn ech d’Dier opgemaach, well et awer staark richt, et war gutt Wierder. Abeemol koumen d’Noperen a hu gefrot, ob si och eng Wafel kënne kréien. An du koum mer d’Iddi. Jo, firwat net?”
Ugefaange gouf am Entrepot zu Leideleng. Kuerz drop, mat der Autorisatioun vun der Gemeng, ass een dunn an den Zentrum geplënnert. Dat wéinst dem ville Stau op de Stroossen - esou grouss war den Undrang. Bestallt gëtt via App, sou de Marc Vanderwaeren:
„D’Leit si wierklech iwwerrascht. Jidderee seet, datt dat, wat mer maachen, wierklech super ass. Jidderee wënscht eis Courage a seet, mir solle weider maachen. Do gëtt et engem waarm ëm d’Häerz.”
De Wëlle bei de Foraine wier do, fir de Leit op d’mannst eng gewësse Kiermes-Erfarung nees an d’Duerf ze bréngen. Ma net jiddereen hätt déi Chance, esou zentral an den Dierfer ze léien oder op eegenem privat Terrain eppes opzebauen. Hei kënnt nach emol den Opruff fir Hëllef un d’Regierung vum Jérôme Zellweger, Vizepresident vun de Forainen:
“Hëllef, fir datt och jiddereen dëst Joer säi kléngt Stéck Kiermes ka mat heem huelen.”
