Cooperations ASBLGarden Sounds zu Wolz bis Enn September

RTL Lëtzebuerg
Les Jardins de Wiltz ass en idyllesche Kader wou Mënschen der Natur kënne ganz no kommen.
Garden Sounds zu Wolz bis Enn September
E Samschdeg den Owend louch de Schwéierpunkt mam Remo Cavallinin Trio op Soul Musek, dat huet och fir e gemittlechen Owend gepasst.

Wann een do Musek héiert, leeft grad e Concert am Kader vum “Garden Sounds”. Garden Sounds ass e klenge Festival vun der Wëlzer kultureller ASBL : “Cooperations asbl”. RTL war e Samschdeg den Owend um éischte Concert mat dobäi.

Waasser, Planzen, Blummen, Beem a Musekstéin vermësche sech an de Jardins de Wiltz. De Wëlzer Festival leeft dëst Joer net. Musek steet trotzdeem zu Wolz um Programm.

E Samschdeg den Owend louch de Schwéierpunkt mam Remo Cavallinin Trio op Soul Musek, dat huet och fir e gemittlechen Owend gepasst.

Back to Top
CIM LOGO