
Zënter 2003 huet den Auteur Francis Kirps sech ëmmer méi mat der Poetry-Slam Z-en auserneegesat. Di Joren duerno huet hie bei Poetry Slam Meeschterschaften zu Stuttgart, Leipzig a München matgemaach. Den alleréischte Poetry Slam Event hei zu Lëtzebuerg, huet hien 2007 organiséiert.
Den Owend um 20:00 Auer mécht de Francis Kirps e Faass mat Kuerzgeschichten op a gëtt e Lyrik-Humpen zum Beschten.
Texter di hien den Owend virdréit:
Planet Luxemburg
Slamlyrik:Canzone/Der große Pfannitou
Der Impf-Schamane
Der Schmelztiegel der Beschaulichkeit
Slamlyrik: Dalmatiner & Narzissen/Home Run
Oma Rotkäppchen
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.