De Lëtzebuerger Francesco Tristano war deen invitéierte Museker. De Régis Thill war fir eis an d’Prouf an huet mam Kënschtler geschwat.
Och de Francesco Tristano war déi leschte Méint vun der Concertswelt ausgespaart. Museker liewen an allen Hisiichten dervun, virum Public dierfen opzetrieden.
De Francesco Tristano huet vun Ufank un de Johann Sebastian Bach als Inspiratiounsquell gehat. Do kann hie sech ressourcéieren a sech ëmmer nees nei Weeër opmaachen. Déi lescht 4 Méint huet et geheescht: back to basics, pardon: Bach to basics.
Bach fir sech zréckzezéien, fir z’iwwerliewe gewëssermoossen, an dat heescht, dass de Kreatiounsprozess e bëssen ze kuerz komm ass.