Film-Klassiker fir den Ouschterweekend"Four Weddings and a Funeral" an "Matrix"

Patricia Baum
Zwee Filmer, déi op hir ganz eege Manéier an d'Anekdote ronderëm hänke bliwwe sinn.
© Rex

Four Weddings and a Funeral vum Mike Newell

© Rex

“Four Weddings and a Funeral” ass eng britesch Filmcomedie aus dem Joer 1994. Ee vun den Haaptschauspiller, den Hugh Grant hat duerch dee Film säin internationalen Duerchbroch. 1995 war “Four Weddings and a Funeral” fir zwee Oscaren nominéiert, fir de beschte Film an dat bescht Dréibuch.

Ma den Tournage war awer net ëmmer esou evident, wéi een dat vläicht menge kéint. Fir den amerikanesche Filmmarché huet nämlech missen all Zeen, an där dat Wuert “Fuck” dra virkomm ass, zweemol gedréint ginn. “Fuck” ass an der däitscher Versioun duerch méi harmlos Wierder wéi „Herrje“ ersat ginn. De Regisseur Mike Newell huet deemools erzielt, datt eleng dowéinst d´Käschte vum Film ëm 20 Prozent eropgaange sinn.

Bis haut stécht awer nach ëmmer eng Zeen eraus an ass zum Markenzeechen vum Film ginn. De Matthew, gespillt vum John Hannah, zitéiert um Begriefnis de Schrëftsteller W.H. Auden mam Gedicht Funeral Blues.

He was my North, my South, my East and West,
My working week and my Sunday rest,
My noon, my midnight, my talk, my song;
I thought that love would last forever: I was wrong.

(W.H. Auden - Funeral Blues)

D´Iddi fir de Film koum dem Dréibuchauteur Richard Curtis, wéi hie seng Tagebicher mol erëm gelies huet an dobäi festgestallt huet, datt hien an de leschten zéng Joer op 72 Hochzäiten invitéiert war.

“Four Weddings and a Funeral” huet awer och haut nach net u Witz a Charme verluer, och wann de Film elo schonn 26 Joer al ass.

The Matrix vun de Wachowski Sisters

© Movie Web

Eng Trilogie, déi mat hirem Debut am Joer 1999 e Meilesteen an der Kinokonscht gesat huet – ass “Matrix”. Den éischte Matrix-Film konnt virun allem mat sengen elaboréierten Special Effects glänzen. Deemools huet de Film fir vill Opmierksamkeet gesuergt duerch déi opwänneg an innovativ Kampfzeenen. Duerch de Film ass zum Beispill de Bullet Time Effekt bekannt ginn, och Zäitlupen-Fotografie genannt. Am Film sinn déi bekannten Zeenen, wou d´Protagonisten praktesch an der Loft hänke bleiwen, mat 122 Spigelreflex- an zwou Filmkamerae realiséiert ginn.

Niewent de Spezialeffekter kann de Film awer och duerch seng déif philosophesch Froen iwwer d´Zäit an d´Realitéit punkten. U sech war geplangt, datt de Will Smith d´Haaptroll vum Neo spillt, mä de Schauspiller huet d´Roll net ugeholl, well hie sech dat net zougetraut huet. De Keanu Reeves par contre huet dës Roll immens gär gehat an ass duerch den Neo zum Kult-Schauspiller ginn.

D´Filmer si vun de Geschwëster Larry an Andy Wachowski realiséiert ginn. Deemools ware si d´Wachowski Brothers, mä 2009 an 2016 hunn déi zwee sech als Transgender geoutet. Zënterhier sinn et d´Wachowski Sisters – d´Lana an d´Lilly.

D´Produktiounskäschte vum Film leien ëm déi 63 Milliounen Dollar. Weltwäit huet “Matrix” ronn 463 Milliounen an de Kinoen agespillt.

Back to Top
CIM LOGO