Kultur trotz Corona Flamenco Festival Esch

RTL Lëtzebuerg
Wéi sou vill aner Evenementer ass och déi 15t Editioun vum Flamenco Festival zu Esch ofgesot ginn. Dofir hei e klenge virtuelle Festival.

.

De Festival zu Esch hätt sollten den 8te Mee ufänken. Scho fir ausganks Mäerz war eng Presentatioun mat der Flamenco Dänzerin Cristina Aguilera geplangt. De Programm stoung scho laang fest, souguer d’Affiche ware prett, mä du koum et, natierlech, ganz anescht. D’Organisateuren hunn awer scho Pläng fir d’nächst Joer a virun allem soe si alle bedeelegte Merci. Dat ass de Message vun der Paca Rimbau Hernandez vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado

© KAKES

Den Flamenco Festival bréngt all Joers op en Neits renomméiert Kënschtler an d’Kulturfabrik, oder op d’Bün vum Escher Theater. Do dernieft ginn et och Filmprojektiounen, Atelieren an Ausstellungen. Och dëst Joer sollten nees grouss Nimm aus der Welt vum Flamenco an d’Minettemetropol kommen. Dorënner de Gitarrist Manuel de la Luz oder d’Sängerin Rocio Marquez.

Si alleguer hunn sech gemellt a kleng Audio oder Videomessagen op Lëtzebuerg geschéckt mat Musek, Gesang, an virun allem mat engem Message: Schued, dass et dëst Joer net geklappt huet, mä 2021 wäert de Flamenco Festival ëmsou méi grouss gefeiert ginn. De Sänger Jeromo Segura bréngt et op de Punkt:

De Message vum Sänger Jeromo Segura
De Flamenco-Sänger Jeromo Segura

Sou e Festival wéi zu Lëtzebuerg gëtt et op der ganzer Welt net...dat kéint een emol esou stoe loossen.

D’Cristina Aguilera wäert de 27ste Mäerz 2021 mat hirem Spektakel “Tarab” an der Kulturfabrik optrieden.

De Message vun der Cristina Aguilera (op Spuenesch)

D'Flamenco-Dänzerin Cristina Aguilera
D’Flamenco-Dänzerin Cristina Aguilera wäert de 27ste Mäerz 2021 an der Kulturfabrik optrieden

Och dës Kënschtler hätte sollten zu Esch optrieden:

.

Eng Ausstellung iwwer Flamenco Affichen
Rosana de Aza, Directrice vun der Casa de la Memoria vu Sevilla iwwert d’Konschtausstellung “Arte y color del cartel flamenco” déi zu Esch opgoe sollt

http://perma.rtl.lu/v/3204835

Back to Top
CIM LOGO