
De Psycho-Thriller “Joker” gouf 11 Mol nominéiert, dorënner fir de beschte Film, déi beschte Regie an de beschten Haaptduersteller.
10 Nominéierunge goufen et fir dem Quentin Tarantino seng Hollywood-Hommage “Once Upon a Time... in Hollywood”, de Mafia-Film “The Irishman” vum Martin Scorsese an de Weltkrich-Film “1917" vum Sam Mendes.
Nominéiert als beschten Acteur sinn den Antonio Banderas, de Leonardo di Caprio, den Adam Driver, de Joaquin Phoenix an den Jonathan Price. Als bescht Actrice nominéiert sinn d’Cynthia Erivo, d’Scarlett Johansson, d’Saoirse Ronan, d’Charlize Theron an d’Renée Zellweger.
Den 9. Februar gëtt wärend der offizieller Zeremonie zu Los Angeles annoncéiert, wien alles glécklechen Oscar-Gewënner ass.
D’Nominéierungen am Iwwerbléck: