Béid Secteuren, mat méi wéi dausend Leit, déi doranner schaffen, sinn nach an der Ongewëssheet.
D’Theater-, Kino- a Concertssäll waren déi éischt, déi wéinst der Corona-Kris hu missen hir Dieren zoumaachen. An d’Leit aus dëse kulturelle Beräicher rechnen och domat, déi lescht ze sinn, déi kënnen erëm hir Dieren opspären a Spectateuren empfänken. D’Theatere si besuergt, net viru September ze starten. D’Regisseurin Anne Simon schwätzt vun enger schwiereger Situatioun, well den Oflaf vum Déconfinement nach sou ongewëss ass fir hire Beräich. Och wann d’Confinement fir d’Lëtzebuerger eriwwer wier an een erëm kéint ufänke mat Prouwen, da wär nach ëmmer onkloer, wéini genau ee kéint Spectateuren empfänken. Déi Theaterprojeten, déi elo ewechfalen, kéinten net problemlos méi spéit nogeholl ginn, well Enn dës Joers jo schonn nei Projete geplangt sinn. Et géif elo e Lach entstoen an et kéint een duerno net duebel schaffen.
D’Enn vum Confinement bedeit och fir de Filmsecteur net, dass si direkt kënne weiderschaffen. D’Tournagen, déi hu missten ofgesot ginn, mussen all rëm nei organiséiert ginn. An do hänkt dem Filmproduzent Nicolas Steil no villes drun. D’Filmkulissen, dat heescht d’Plazen, wou ee filmt, mussen nei gebucht ginn. D’Schauspiller an Techniker, déi deemno wéi aus verschiddene Länner kommen, mussen disponibel sinn. Bedeit d’Grenze mussen erëm op sinn. Op engem Filmset schafft eng ganz Ekipp vu Kamera, Luucht, Toun, Maquillage, Kostüm an ënnert anerem de Regisseur. All dës Techniker sinn ofhängeg dovunner, dass Tournagë gemaach ginn, fir Suen ze verdéngen. De Yasin Özen, Sekretär vun der ALTA, der Associatioun vun den Techniker am Audiovisuell, fäert, dass et nach Wochen, wann net Méint, dauert, bis si erëm en Optrag kréien.
D’Leit, déi am Film- an Theater-Secteur schaffen, kruten eng Direkthëllef vum Kulturministère zougeséchert. Vun dëse kéint net jidderee profitéieren, annoncéieren déi Associatiounen aus dem Secteur: AAPL, Actors.lu, ALTA, ASPRO, LARS. Film an Theater si frou iwwert d’Ënnerstëtzung vum Kulturministère, mä dëst dierft sech net op kuerzfristeg Mesurë begrenzen, et géing ee virun engem laangfristegen Ausfall stoen. Si rechne vun enger Period ouni Aarbecht an ouni reguläert Akommes vun iwwer 6 Méint.
RTL-News: Solidaresch a geschlosse géint Corona-Pandemie: Kulturbudget misst gestäerkt ginn
