
Zanter 2003 zielt dem Edward Steichen seng weltbekannte Foto-Kollektioun “Family of Man” zu den Unesco-Ausstellungen. D’Expo, déi zu Clierf am Schlass hir Plaz huet, ass awer net ëmmer fir de Public op an dat suergt dacks fir enttäuschte Gesiichter.
An der Family of Man fënnt een déi wuel bekanntste Fotografen, ewéi de Cartier-Bresson oder d’Dorothea Lange. Eng grouss Éier fir Clierf, esou den Erny Koener, fréieren Hotelier: „Wéi an den 90er Joren d’Family of Man op Clierf koum, do ware mir frou a virun allem stolz.“
Dass d’Family of Man awer speziell Ëffnungszäiten huet, bedaueren déi Clierfer Geschäftsleit extrem, dozou d’Anne Allard: „Mir hu ganz oft Clienten, déi erakommen, sief et méindes oder sonndes komme se gär spadséieren an da si se iwwerrascht, dass zou ass. Am Wanter virun allem. Si kommen da bei eis era froen, ob mir d’Ëffnungszäite kennen an da musse mer leider oft soen, dass zou ass.“
D’Ausstellung huet limitéiert Ëffnungszäiten, fir hir Fotoen ze schützen. An anere Muséeë benotz ee Glas an dofir kënnen dës an engem Stéck op sinn. Fir de Paul Lesch, Direkter vum CNA, ass Glas awer keng permanent Léisung: „Éischtens géinge mir d’Original an deem Sënn vun der Ausstellung net respektéieren, well d’original Ausstellung war net hanner Glas. Dat sinn esou holze Placken, wou d’Fotoen drop gepecht sinn. Also géing immens vill verluer goen, dat wier sécher keng alternativ.“
Et sinn also vill Schwieregkeeten, déi sech esou wuel fir d’Geschäftsleit stellen ewéi awer och fir den CNA. D’Geschäftsleit musse sech deenen enttäuschte Gesiichter vun den Touriste stellen, mee de CNA muss awer den Zoustand vun de Fotoen am Aen halen.
Am Beschten ass et also d’Ëffnungszäite vun der Family of Man am Viraus ze kucken, well nëmmen esou freeë sech de CNA an d’Geschäftsleit an et kann ee Clierf ganz genéissen.