
An den 1960er Joren hat de New Yorker Kënschtler, Robert Morris, déi konventionell Skulptur um Sockel ersat duerch den Objet, deen um Buedem steet an esou direkt mam Raum verbonnen ass.
Säi fréit kënschtlerescht Schafen beschäftegt sech virun allem mat der Bezéiung tëschent dem skulpturalen Objet an dem Kierper vum Betruechter.
De Mudam weist den Ament Wierker, déi den amerikanesche Kënschtler tëschent 1961 a 1977 kreéiert huet.