
D’Konzept ass ganz einfach: Wann een eng Mask anzwousch leie gesäit, déi eigentlech net dohinner gehéiert, egal ob um Trottoir oder an der Natur, knipst ee se, beaarbecht se nach e bësse wann ee wëll a setzt se dann op d’Online-Plattform “Instagram” mat den Tags @kuckdekuk & @pickitupluxembourg an den Hashtags #MasKalog, #andDreckskëscht a #clickandpickitup.
Déi kreativ Käpp hannert dem Projet invitéieren d’Participanten, d’Mask nom Knipsen opzerafen, richteg z’entsuergen a sech duerno - ganz wichteg - d’Hänn ze wäschen.
De Projet “MasKalog” gouf vun der Theaterregisseurin Anne Simon an Zesummenaarbecht mat der Associatioun “Pickitup” fir den neie Kulturkanal “KUK” an d’Liewe geruff. E soll viraussiichtlech bis Enn vum Joer lafen an déi kreatiivste Fotoe sollen duerno an enger Publikatioun oder Ausstellung exposéiert ginn.
