
Nodeems weltwäit eng Abberzuel Festivitéiten, Evenementer, Concerten a Festivals ofgesot goufe wéinst der Corona-Kris koum e Mëttwoch de Mëtteg d’Nouvelle, dass elo och den ESC 2020 annuléiert gouf.
Dëst Joer sollt Holland d’Gaaschtland sinn, well den hollännesche Sänger Duncan Laurence sech zejoert d’Victoire geséchert hat.