

“Sabotage” vum Jeff Schinker, “V wéi Vreckt, W wéi Vitess” vum Samuel Hamen an “Die Mutationen” vum Francis Kirps. Dat sinn déi 3 Bicher déi fir Lëtzebuerg op der Shortlëscht vum “European Union Prize for Literature”, kuerz EUPL, stinn.
D’Jury, mat der Professorin vun der UNI Lëtzebuerg Jeanne Glesener, dem Direkter vum nationale Literaturarchiv Claude D.Conter, dem Auteur Jean Back, dem Libraire Jean-Claude Henckes an dem Literaturvermëttler Jérôme Jaminet decidéiere bis den 19. Mee wien de Lëtzebuerger Kandidat ass.
.
De European Union Prize for Literature gouf 2008 an d’Liewe geruff. Dozou d’Jeanne Glesener, Professorin un der Uni Lëtzebuerg a Präsidentin vum Lëtzebuerger Jury fir den EUPL 2020:
Jeanne E.Glesener: De Literaturpräis vun der europäescher Unioun gëtt all Joer vum europäesche Schrëftstellerverband, der europäescher Editeursfederatioun an der europäescher Kommissioun organiséiert. De Präis fërdert virun allem déi international Visibilitéit vu Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen déi um Ufank vun hirer carrière stinn. Zil vum Präis ass d’Vermëttlung vun de Gewënnertexter un e breede Public fir esou op déi literaresch a sproochlech Vilfältegkeet vun an an Europa hinzeweisen. De Präis ënnerstëtzt d’Iwwersetzung an d’Zirkulatioun vun Texter och duerch Zesummenaarbecht mat europäeschen Iwwersetzer an der Publikatioun vun enger jährlecher Anthologie mat Extraiten aus den ausgezeechente Bicher.
All 3 Joer kënnen déi eenzel Memberlänner hir Kandidaten fir dee prestigiéise Präis selektionnéieren. Nieft Lëtzebuerg sinn 2020 nach 12 aner Länner dobäi, dorënner Däitschland, d’Belsch, Spuenien a Kroatien. Fir eist Land ass et schonn déi 4te Kéier. Deen éischte Laureat war 2010 de Jean Back fir “Amateur” , 2013 krut den Tullio Forgiarini de Präis fir “Amok” an 2016 war et um Gast Groeber fir “All Dag verstoppt een aneren”. D’Selektiounscritèren fir den EUPL si ganz strikt.
Jeanne E.Glesener: D’Buch muss geschriwwe sinn an enger offizieller Sprooch vum Land. Et däerf net méi al sinn wéi 18 Méint, an et muss eben och nach an de Librairien am Verkaf sinn. Et muss sech ëm dat rezentst Buch vun engem Auteur oder enger Auteurin handelen. Een anere Critère deen och ganz wichteg ass: Et geet ëm jonk literaresch Auteuren, déi nach keng laang Carrière hunn, dat heescht si musse mindestens 2 Bicher publizéiert hubnn an si däerfen der net méi wéi 4 publizéiert hunn. Dat sinn déi Critère un deene mir eis orientéiert hunn, déi och zimlech präzis sinn.
3 Bicher an hir Auteuren hunn dëse Critèren entsprach, a konnten d’Jury och duerch hir literaresch Qualitéit iwwerzeegen.
De Samuel Hamen zum Beispill gouf 2016 mam Hans-Bernhard-Schiff Preis ausgezeechent an huet d’lescht Joer mat sengem Romanmanuskript I.L.E den nationale Literaturconcours gewonnen.

Och de Francis Kirps konnt sech schonn zweemol bei dësem Concours platzéieren. Mat séngen 2 éischte Bicher “Planet Luxemburg und andere komische Geschichten” an “Die Klasse von 77" huet en e frësche Wand an d’Lëtzebuerger Literaturlandschaft bruecht.
De Jeff Schinker, Kultur-Redakteur beim Escher Tageblatt, huet 2015 mat “Retrouvailles” eng éischt Novelle erausbruecht. Mat “Sabotage” huet en 2018 e Prosa-Band virgeluecht dee schonn alleng vun der Form hier aussergewéinlech ass.

