Kultur fir doheem (22)Eng Sammelaktioun, eng Ausstellung an Optrëtter vu Maacher Museker

RTL Lëtzebuerg
Eng speziell Sammelaktioun, d'Online-Ausstellung “Aristides de Sousa Mendes + Portugal et Luxembourg” a Mini-Concerte vu Maacher Museker

D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.

D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.

14/04/2020 Kultur fir doheem (22) 14h45

Sammelen an Zäite vum Coronavirus

Zu den Aufgabe vum Lëtzebuerg City Musée gehéiert et, d’Liewe vun de Mënschen an der Stad ze dokumentéieren an entspriechend bedeitend Objeten a seng Sammlung opzehuelen, déi hiren Alldag temoignéieren.

Well een d’Auswierkungen, déi de Coronavirus op eist alldeeglecht Liewen huet, duerchaus als historesch bezeechne kann, rifft de Lëtzebuerg City Musée all d’Leit, déi an der Stad Lëtzebuerg liewen a schaffen, zur Mataarbecht op.

© Lëtzebuerg City Musée

Wa bestëmmte Géigestänn grad elo, wärend der Corona-Zäit, eng wichteg Bedeitung fir Iech kruten, wann Dir selwer eppes gebastelt hutt, fir Iech de Corona-Alldag ze erliichteren, oder wann Iech an Ärem Ëmfeld z.B. nei Gewunnechten opgefall sinn – da schéckt dovun eng Foto mat enger klenger Erklärung un de Musée!

07/04/2020 City Museum sammelt - Boris Fuge

Déi gesammelt Informatiounen an Objeten solle spéider eemol temoignéieren, wéi d’Leit an der Stad am Alldag mam Confinement ëmgaange sinn.

Hei fannt Dir de Kontaktformulaire.

Online-Expo Aristides de Sousa Mendes +Portugal et Luxembourg”

Zanter dem 1. Abrëll kann ee sech um Site vum Escher Musée national de la Résistance d’Ausstellung “Aristides de Sousa Mendes + Portugal et Luxembourg” ukucken.

D’Ausstellung konzentréiert sech op déi historesch Verbindungen tëschent Lëtzebuerg a Portugal während där schwéierer Zäit vum Zweete Weltkrich.

Expo Aristides de Sousa Mendes (Reportage)
Expo

Engersäits réckelt des Expo déi portugisesch Grenzstad Vilar Formoso an de Fokus, déi deemools och fir vill Judden aus Lëtzebuerg a souguer fir déi groussherzoglech Famill eng Dier an d’Fräiheet war.

Anerersäits stellt se de Personnage Aristides de Sousa Mendes vir, dee sech, als Generalkonsul zu Bordeaux, mat groussem Zivilcourage de Virschrëfte vu senger Regierung widdersat an zéngdausenden europäesche Flüchtlinge liewensrettend Pabeieren ausgestallt hat.

© Musée national de la Résistance

#Miseler Way of Life Doheem

Ënnert dem Motto “Miseler Way of Life Doheem” verëffentlechen d’Gemeng Gréiwemaacher an d’Regional Maacher Musekschoul zanter dem 23. Mäerz, reegelméisseg Videoen op hirem Facebooksite an um Youtube-Channel vun der Musekschoul.

Nieft flotte Stécker vun de Museksproffen an erwuessene Schüler, erzielt déi Lëtzebuerger Auteurin Monique Hermes ënnert anerem vun de Soen a Legende vu Maacher.

Déi vill Videoen sollen net just weisen, dass d’Maacher Kulturliewen net duerch eng Quarantän ze bremsen ass, ma virun allem, dass och wann de Moment jiddereen a sengen eegene véier Wänn setze muss, een trotzdeem Schéines zesummen erliewe kann.

Hei dee klenge Concert vum Mich Scholer:

Back to Top
CIM LOGO