
Eng sougenannte “Viewing part” huet de Kyle MacLachlan iwwer Twitter annoncéiert, enger Actioun, mat där de Schauspiller de Start vun Serie, deen jo am Joer 1990 war, gedenken a feiere wëll. Dëst dann natierlech och, fir Solidaritéit mat senge Fans dobaussen an Zäite vum Coronavirus ze weisen.
Déi éischten Episod ass nämlech den 8. Abrëll 1990 erauskomm an domadder den Ufank vun enger bis haut beleiftener Serie markéiert, déi jo vun de Regisseuren David Lynch a Mark Frost realiséiert gouf.
Op grouss Nofro hinn, gouf dunn, iwwer 20 Joer no der leschter Episod vun der 2. Staffel, am Joer 2017 eng 3. Episod ausgestrahlt.
Eng 4. Epsiod soll a Plangung sinn, allerdéngs gouf et hei nach keng offiziell Confirmatioun vum Regisseur David Lynch oder sengem Partner Mark Frost.