
D’Kulturhaiser sinn zou, dofir muss een awer net op Konscht, Musek, Literatur, Theater asw. verzichten.
D’Kultur-Redaktioun versuergt Iech dofir mat Fudder fir Kapp, Häerz a Gemitt.
Déi eng veréiere si als Vertriederin vum brittesche Kinnekshaus, déi aner stinn hir skeptesch entgéint, werfen hir Keelt a Skrupellosegkeet vir a waarden op eng nei Generatioun am Buckingham Palace.
D’Queen Elisabeth II huet mat hire bal 94 Joer trotz strenger Diskretioun an dem brittesche Protokoll fir vill Diskussiounen an ënnerschiddlech Meenungen an der Ëffentlechkeet gesuergt.
D’Netflixserie The Crown geet ganz un den Ufank a weist – mat Fiktioun, net Dokumentatioun – wéi d’Queen Elisabeth zu där Fra ginn ass, als déi se haut wouergeholl gëtt.
The Crown gëllt als eng vun den deiersten Netflixserien, mat, an allen dräi Staffelen, präisgekréinte Schauspiller.
Déi franséisch Schauspillerin, Regisseurin a Schrëftstellerin Laetitia Colombani huet 2017 e grousse Coup gelant mat hirem Roman La tresse, op Däitsch Der Zopf.
D’Schicksal vun dräi ënnerschiddleche Fraen, dem Smita an Indien, dem Guilia op Sizilien an dem Sarah a Kanada. Se liewen an dräi ënnerschiddleche Gesellschaften a Länner, hir Geschichte gi parallel erzielt, woubäi en ëmmer erëm gesäit, datt déi grondleeënd Froen an Hoffnunge vun deenen dräi Fraen sech gläichen an hir Schicksaler, wéi eng Trëtz, mateneen verbonne sinn.

Et ass e spannend Buch, et si schéi Geschichten, déi de Lieser gären zu Enn denke wëll, et fillt ee sech an d’Schicksaler vun den dräi Fraen eran an et léisst ee sech vum Erzielfloss an dem Opbau vum Roman matrappen (ee Kapitel iwwer d’anert geet et eemol weider mam Smita, Guilia oder Sarah).
Och als Lauschterbuch gëtt et der Laetitia Colombani hire Roman, zum Beispill op Audible.
Well och déi grouss Theaterhaiser zou hunn an hir Virstellungen ausfale mussen, hunn eng Rei vun de groussen Theaterhaiser an Däitschland, dorënner d’Berliner Schaubühne, de Berliner Ensemble oder d’Schauspiel Köln, decidéiert, zwar keng nei Stécker oder Premieren online ze weisen, well dat dem Wiese vum Theater widderspriecht, mee dofir awer an hir Archiver wullen ze goen.
Stream Berliner SchaubühneSou kann een de Moment vergaange Produktiounen op den entspriechende Säite vun den Theatere streamen. Dat ersetzt zwar a kengem Fall an zu kengem Zäitpunkt den Theater als Erliefnis, mee et erméiglecht Kulturintresséierte sech ze dokumentéieren an bekannten Inzenéierungen aus dem Ausland nodréiglech z‘entdecken.