Keng Schueberfouer 2020En traurege Kiermessonndeg an der Stad Lëtzebuerg

Jeannot Ries
Et wier déi 680. Editioun vun der Schueberfouer gewiescht. Dat gréisste Volleksfest an der Groussregioun mat bis zu 2 Millioune Visiteuren...
En traurege Kiermessonndeg an der Stad Lëtzebuerg
Et wier déi 680. Editioun vun der Schueberfouer gewiescht. Dat gréisste Volleksfest an der Groussregioun mat bis zu 2 Millioune Visiteuren...

Grad déi Popularitéit gouf hier dëst Joer zum Verhängnes: Op Distanz bleiwen, sanitär Virschrëften anhalen... E Kappzerbrieches a Covid-19 Zäiten, deem d’Autoritéiten, anescht wei vereenzelt am Ausland, aus dem Wee gaange sinn, an drëms fréizäiteg ofgesot gouf.

“Et ass en Ament wou wierklech wéi deet!” De Charles Hary, President vun de Forainen hat eng gewëss Emotioun an der Stëmm, wéi en de Glacis ouni Spiller, ouni d’Stänn virun Aen hat. “Wéi dat ganzt am Januar ugaangen ass, huet kee Mënsch drun geduecht dat mir dëst Joer keng Schueberfouer hätten.”

Den Historiker Steve Kayser erënnert drun, dat et all Kéiers ganz bedeitend Evenementer waren, déi derzou gefouert hunn dat d’Schueberfouer ofgesot gouf. 1870 am Kontext vum Däitsch-Franséische Krich, wärend dem 1. Weltkrich an am Kontext vum Zweete Weltkrich.

Ofzesoen, wier um Ament wou d’Decisioun geholl gouf, aus politescher Siicht déi richteg gewiescht, sou de Charel Hary. Mais fir d’Foraine bleift e ganz batteren Nogeschmaach. 50 bis 60% vun hirem Joresakommes, maachen d’Lëtzebuerger Kiermesleit wärend der Fouer. An déi ass, wéi déi ganz Saison bis elo, an d’Waasser gefall. Mat och der Fro, wéi et elo weider geet. Mat Bléck och op d’Chrëschtmäert, een anere ganz wichtege Rendez-vous am Joer, an net emol 90 Deeg.

Mat méiglechem Impakt, och generell op onst Soziaalt Liewen, sou de Steve Kayser: “Et ass wichteg dat mer d’Fräizäit net ganz ofkappe ginn. D’Fräizäit ass extrem wichteg fir eis all. Op mer méi Jonk sinn oder schonn e wéineg méi gestanen. Dat spillt kéng Roll. Dat deele mer mat en een. D’Deele vu sou Momenter, datt dat komplett ewech brécht oder ze vill gestreamlined gëtt, dann entsteet Sterilitéit. A Sterilitéit dat ass Gëft. “

E Joer ouni Schueberfouer, ouni Duerfkiermes. Hei stéing méi um Spill ,wéi just d’Iwwerliewe vun enge 50 Lëtzebuerger Familljen, déi vum Geschäft liewen.

Back to Top
CIM LOGO