
An eiser Redaktioun hate mir rezent eng Diskussioun. Jo, wéi nennt een dann déi Bee vum Poulet, déi vill Leit esou gären iessen. Fir déi eng waren et kloer Poulets-Strempelen, anerer nennen et Poulets-Strëmpelen an nach anerer soe Strampelen dozou. Do hu mir eis d'Fro gestallt: Wéi nennen d'RTL-User dëst Iessen?