Fir de jonke Lëtzebuerger Bands awer emol eng einfach Méiglechkeet ze ginn, virun engem reduzéierte Publikum ze spillen, huet sech de Rocklab eppes Besonnesches afale gelooss. Si invitéieren op sougenannte PopUpSessions. En Dënschdeg den Owend war déi éischt bei der Rockhal.
Alles wat de ganz reduzéierte Publikum en Dënschdeg wosst, war, datt se sollte bei d’Rockhal kommen. Do goufe se vum Responsabel vum Rocklab Sam Reinard empfaangen, deen hinnen déi néideg praktesch Informatioune ginn huet.
Dës PopUpSessions passen an den Optrag vum Rocklab, jonk Museker z’ënnerstëtzen, se ze begleeden an hinne Strukturen ze ginn, wou se Erfarunge sammelen. Dozou gehéiert et och Concerten ze spillen – ënner de besonnesche Konditiounen.
De besonnesche Reiz um Erliefnes ass, datt een op eng Plaz gefouert gëtt, wou een normalerweis net hikënnt. Fir den éischte Rendez-vous goung an de Backstage baussen, do wou déi jonk Band “Francis of Delirium”, déi lescht Joer de Festival Streamingfields gewonnen huet, opgetrueden ass.
Nieft der Erfarung och mol nees viru Leit ze spillen a mol nees de Kontakt ze spieren, sollen dës Zort vu Concerten awer e wichtegen Effekt fir déi weider Karriär vun de Museker hunn.
Fir Band a Publikum war et sécher eng ongewinnte Plaz, mä op d’mannst huet een emol nees de Kontakt an d’Vibratiounen direkt gespuert.