Kuerzfilm "Out"Éischt homosexuell Figur an Animatiounsfilm vu Pixar

RTL Lëtzebuerg
An Hollywood-Filmer ass Homosexualitéit scho laang keen Tabuthema méi, an Animatiounsfilmer gesäit d'Realitéit awer anescht aus.
© Twitter / misterarielv

An den Disney-Klassiker ass d’Handlung meeschtens déi selwecht: eng jonk, wonnerschéi Prinzessin gëtt vun hirem Prënz gerett a féiert duerno e glécklecht Liewen, ob dat elo d’Cinderella, d’Rapunzel oder d’Dornröschen ass. Esouguer d’Fiona fënnt hiren Dramprënz an der Figur vum Shrek, och wann dësen net dem Idealbild vum engem “Prince Charming” entsprécht.

Anescht wéi déi meescht Produktiounsfirmen huet Pixar elo de Schrëtt gewot an eng homosexuell Figur an ee vun hire Kuerzfilmer integréiert. Zanter dem 22. Mee kann een op Disney + den Animatiounsfilm “Out” streamen. Am Mëttelpunkt vum Film: en homosexuelle Charakter.

An der 9 Minutte laanger Geschicht vum Regisseur Steven Clay Hunter deet sech de Greg schwéier domat, sech viru sengen Elteren ze outen. Wéi schwätzt een dëst Thema am beschten un? Wéi wäerten d’Matmënschen op engem seng sexuell Orientéierung reagéieren? Gefiller, déi Millioune Mënsche ronderëm d’Welt novollzéie kënnen. Mat dës Ängschten a Suerge setzt sech “Out” ausenaner.

Back to Top
CIM LOGO