
Den Edsun konnt sech an de läschte Joren als R&B Sänger e gudde Numm hei zu Lëtzebuerg an och schonn am Ausland maachen. Reegelméisseg ass hien och op aneren europäesche Bünen ënnerwee. Den Edsun mécht virun allem duerch seng Performancen opmierksam. Danz ass genau sou wichteg fir hien wéi d´Sangen, an dofir kritt een och vum Edsun ëmmer eng élaboréiert Show gebueden.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.