MusekD'Roxette-Sängerin Marie Fredriksson ass dout

Marie Gales
D'Sängerin vun der schwedescher Band Roxette ass am Alter vun 61 Joer gestuerwen.
© AFP

2002 gouf bei der schwedescher Musekerin e Gehiertumor fonnt an zanterhier huet si géint dës Kriibserkrankung misste kämpfen. Ma si huet net opginn an huet weider geschafft an eng Rei Soloalben erausginn, mat där si virun allem a Schwede vill Unerkennung krut.

Och mat Roxette, där Band mam Per Gessle, mat där si weltbekannt gouf, hat si nei Lidder agesongen. 2012 war Roxette nach op Welttournée gaangen an hat e leschte gemeinsamen Album verëffentlecht. Ma d'Summer-Tour 2016 huet wéinst dem schlechte Gesondheetszoustand vum Marie Fredriksson ofgesot misste ginn. No der klenger Solo-Carrière vum Marie, hate si an de Per 1986 Roxette gegrënnt an dem Pop-Duo war 2 Joer drop mam Album ''Look Sharp'' den internationalen Duerchbroch gelongen a si ware jorelaang aus den Hitparaden net ewech ze denken.

Zanter 1994 war si mam Museker Mickael Bolyos bestuet mat deem si 2 Kanner hat.

75 Milliounen Alben hu Roxette verkaf an eng 550 Concerte ginn. Mat ganz perséinleche Wierder huet de Per Gessle senger Musekspartnerin op Facebook Merci gesot, mat där hie méi wéi 30 Joer op der Bün gestanen huet: ''Du waars eng Musekerin, déi erausgestach huet, eng groussaarteg Sängerin an aussergewéinlech Performerin.''

Back to Top
CIM LOGO