Mat 73 JoerDoud vum däitsche Cartonnist Uli Stein

RTL Lëtzebuerg
Deen an Däitschland bekannte Cartoonist Uli Stein ass elo zu Hannover am Alter vun 73 Joer gestuerwen.
Foto vun 2007
Foto vun 2007
© Uli_stein by Wikipedia / Barbara Mürdter (Creative Commons)

Dat huet seng Fondatioun fir Déieren an Nout um Freideg matgedeelt.

Seng Cartoons hunn dacks Alldagssituatioune mat Déierefiguren duergestallt. Zënter 1984 goufen déi thematesch gesammelt beim “Lappan-Verlag”.

Back to Top
CIM LOGO