
“D’Maus Ketti” erfreet och haut nach Grouss a Kleng. 1936 gouf hir Geschicht fir d’éischte Kéier erzielt, zanterhier hu sécherlech scho vill Schlofkummeren oder Schoulen hir Aventure héieren.
D‘Maus Ketti ass an de leschte Joerzéngten ëmmer erëm frësch illustréiert an editéiert ginn. Esou och d’lescht Joer. Do huet de Kreativstudio „Radar“ nämlech eng Neioplo als “Maus Kätti” erausbruecht mat neien Illustratioune vum Valérie Willame.

Wéinst der momentaner Situatioun huet de Studio decidéiert eng Video-Liesung mat Illustratiounen aus dem Buch ze maachen a mam originalen Text. Dat Ganzt kann een online lauschteren. An natierlech ass och d’Buch nach ze kréien.