
Méi Liewensqualitéit duerch Kultur!
Mat engem gutt duerchduechte Sécherheetskonzept kritt de Publikum en ofwiesslungsräiche Programm aus de Beräicher Theater, klassescher Musek, Jazz & World, Kabaret an natierlech e breetgefächerte Programm fir Kanner gebueden.
E besonneschen Highlight vun der Saison ass dëst Joer d’Rei „Große Stimmen“ mat musikalesch-literaresche Liesunge mat ë.a. dem Acteur Christian Berkel, der Schauspillerin Suzanne von Borsody oder der Actrice Corinna Harfouch.

Concerten aus dem Beräich World Music mam iranesche Museker Kayhan Kalhor, mat afrikanesche Kläng beim Concert vum Bai Kamara oder dem Star Habib Koité oder och nach dem bekannte portugisesche Sänger António Zambujo.

Am Kanner- a Jugendberäich ginn et zwou Produktiounen: King Tel Mo Rei nom Text vum Roland Meyer a Bea Beutelratte will sich fledermausen fir Kanner vu 4 Joer un.
Fir d’Sécherheet vum Publikum maximal ze garantéieren an de sanitäre Moossnamen vun der Regierung gerecht ze ginn, ass eng Maskeflicht ab 6 Joer am Haus, och wärend de Virstellungen erfuerdert.
De Programm 2020-2021 am Cubew 521

Fake News ass d’Thema, dat sech dëst Joer duerch de Programm vum Trifolion zu Iechternach zitt.
Dozou gehéieren d’Kreatioun „Fake Facts - Der Stoff, aus dem die Wahrheiten sind“ an eng Rei Virträg.
Klassik, Pop an Jazz stinn am Mëttelpunkt vun engem intressante Museksprogramm, wouzou och den Echter’Jazz-Festival am Februar gehéiert. An den Optrëtt vum Orchestre de Chambre (OCL) mam Nomad the Group mat engem Hommage un den Astor Piazzola an der Uropféieung vun engem Optragswierk.
Op Besuch ass och de weltberüümten Trinity Boys Choir.

Theater a Literatur beschäftege sech mat zwee Lëtzebuerger Wierker: “Fënsterdall” vum Pol Greisch, eng Hommage un den Thierry van Verweke, deen do seng lescht Roll am TNL gespillt huet an “Winterreise” mat engem Hommage un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Guy Wagner.
Och de jonke Publikum fënnt seng Plaz mat berüümten Nimm wéi Pinocchio, Bibi Blocksberg oder Kolja a Galina vun der Lëtzebuerger Kannerbuch-Autorin Dany Gales.

Den Trifolion bitt och zwou Residenzen: der Dänzerin a Choreografin Elisabeth Schilling an dem Trio Yanos-Schwall-Kravos.
Aus de bekannte Sécherheetsgrënn muss ee seng Sëtzplaz am Viraus reservéieren. Den Trifolion hält sech beim Droe vun enger Mask ëmmer un déi aktuell Donnéeë vun der Santé.

Wéi gewinnt pluridisziplinär ass déi nei Saison am Kinneksbond Mamer.
Theater, Danz, Zirkus, Musek bitt sech u mat Programmdeeler fir Grouss a Kleng. Vrun allem steet d’Saison nach méi ewéi soss ënnert dem Zeeche vun der Solidaritéit an der Kreatioun. Dozou gehéiert – ënnert anerem - de gemeinsame Projet „Connection“ mat de Stater Theateren (Textcommanden, Accueil vun de Kreatiounen vun de „klengen Haiiser“, zwee urban Projeten).

De Programm offréiert weiderhin Momenter vun der Eskapade, mä wäert och aktuell sozial a politesch Themen uschwätzen, déi eventuell wéinst dem COVID-19 dës lëscht Méint „ënnergaangen” sinn.

De Kinneksbond geet kreativ mat där Kris ëm. Amplaz vun de roude Gradinen, gëtt et e Café-Théâtre, deen d’Trixy Weis op originell Manéier zesummegestallt huet. D’Plaze sinn also op der néideger Distanz. Et kann een op senger Plaz d’Mask ausdoen an et gëtt een och zerwéiert.
Dans l’air du temps!
Esou iwwerschreift d’Kulturhaus Miersch seng nei Saison a freet sech, datt d’Liewen nees op d’Bün kënnt.
Eng ganz Rei Lëtzebuerger Auteure kommen dobäi zu Éieren: ë.a. de Georges Hausemer, deen och Moler war, de Roland Meyer mat enger Theateradaptatioun vu sengem Buch Tel Mo an de Pir Kremer mat der Reprise vun “Um Stamminee”. Oder och zwou Produktioune vu Larisa Faber an Olivier Garofalo, déi en Optrag vum Haus sinn.
Den 125. Gebuertsdag vum Kino bitt eng Rei Konferenzen a Filmer.

Bei der Musek ass et den 250. Anniversaire vum Ludwig van Beethoven, deen am Mëttelpunkt steet, mat ënner anerem der 9ter Symphonie, awer och Optrëtter vum Orkester Konterbont mat “Gesonden Ouereschmaus mat Häerzensfreed” a vum Summer Orchestra Luxembourg, deen a Residenz ass.

An enger zweeter Broschür steet de Kanner- a Jugendtheater am Mëttelpunkt, de CAKU ass eng Zesummenaarbecht mat Ettelbréck an den Culture Up mam Kinneksbond Mamer.
Am Mierscher Kulturhaus soll jidderee kënnen eng Plaz kréien. Dofir sinn se net reduzéiert, mä et ass Maskeflicht.
De Programm vum Mierscher Kulturhaus
„Wo hört Gewohnheit auf, wo fängt der Wahnsinn an?“ ass den Ënnertitel vun der éischter (verluechter) Produktioun am CAPE “Stehfleisch und Sitzvermögen” vum Zirkus-Ensembel “Stop the Drop” an iergendwéi steet en och symbolesch fir déi aktuell Situatioun. Dobäi wollt de CAPE den 20te Gebuertsdag ganz anescht feieren. Elo weist e sech mat neiem Look am Internet a bei der Receptioun vun de Visiteuren.
An der Programmatioun setzt een op de bekannte Mix vu verschiddene Sparte mat Musek, Danz, Zirkus, Theater a Konscht.

An der Musek ass et schonn déi drëtt Editioun vum Piano-Festival, bei deem de Pianist Pascal Meyer als Co-Curateur derbäi ass.

Nieft internationalen Acts, gëtt och vill Wäert op Lëtzebuerger Ko-Produktioune geluecht am Beräich Theater an Danz. An op de jonke Publikum mam CAKU (zesumme mat Miersch) fir Kanner bis 12 Joer, awer och mat Kollaboratioune mat de Lycéeën aus der Géigend.
Aus Respekt vrun der Distanz, déi anzehalen ass soll ee seng Billjeeën am Viraus bestellen. Et ass net méi méiglech seng Plaz selwer ze sichen. Wa fir eng Produktioun d’Distanz vun 2 Meter net kann agehale ginn, gëllt d’Maskeflicht.
De Programm am CAPE zu Ettelbréck

Mat engem Concert vum OPL a sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno feiert d’Philharmonie den Optakt vun der neier Saison.
Musikalesch huet d’Philharmonie nees sou munches ze bidden. Am Kader vu sengem 250. Gebuertsdag presentéiert den OPL zesumme mam Solist Krystian Zimerman déi éischt 2 Pianosconcerte vum Ludwig van Beethoven. 2 weider Concerte mam Pianist Krystian Zimerman si fir den 2. an 23. Oktober geplangt.
Aner Highlighte vun der neier Saison sinn de Concert vum SWR Symphonieorchester ënnert dem Teodor Currentzis an der Geiespillerin Patricia Kopatchinskaja, Orchestermusek a Solo-Optrëtter vum Orchestra of the Mariinsky Theatre ënnert dem Valery Gergiev, Camerata Salzburg an Hélène Grimaud. Weider heescht et vum OPL, dass ee sech freeë géing, nees de Rolando Villazón begréissen ze dierfen. De Pianist Paul Lewis wäert och Stécker vum Beethoven spillen an de Benjamin Bernheim a Lëtzebuerger Pascal Schumacher wäerten donieft op der Bün ze gesi sinn.
Fir d’Reouverture vum Kulturhaus um Kierchbierg huet gouf en ëmfaassend Hygièneskonzept ausgeschafft, fir d’Sécherheet vun de Gäscht ze garantéieren. Dowéinst wäerte just 40 Prozent vun de Kapazitéite kënne besat ginn.