Um Enn vum Joer zéie mir a sechs verschiddene Beräicher mat den Organisateuren de Bilan: et war nach villes komplizéiert, mä et ass awer och villes entstanen.
Am Beräich Theater konnt een ënner strikte Mesurë materliewen, wéi d’Bünen nees lieweg gi sinn. Dat war eng Erausfuerderung fir d’Haiser an d’Ensembele selwer, mä um Enn gouf et awer och eng Belounung - en Theaterpräis.
D’Christiane Kremer huet sech mam President vun der Theaterfederatioun Claude Mangen ënnerhalen.