Expo an der KrisDigital Expo a Vernissage vu Biller vum Armand Strainchamps

RTL Lëtzebuerg
De Vernissage vum Armand Strainchamps senger Expositioun den 18. Juli huet d'Plattform Art Work Circle als Livestream fir jiddereen organiséiert.

Den Artist stellt an der Pop-Up-Gallerie an der MindForest Lounge an der Stad aus an e Samschdeg den 18. Juli ass d’Ouverture. Wéinst der Corona-Kris kann de Raum awer net gefëllt ginn. Dofir huet d’Plattform fir de Vernissage 15 VIP-Tickete verkaf. Mat deene kann ee mat den néidege Sécherheetsmesurë beim Evenement an der Stad dobäi sinn.

Déi 15 VIP-Tickete si scho fort, et huet een awer nach d’Méiglechkeet de Vernissage gemittlech doheem am Live-Stream kucke kann. Den Accès op de Stream hätt solle 15 Euro kaschten, wéinst de rezenten Entwécklunge vun der Pandemie gëtt de Stream gratis um Facebook-Site vun der Konscht-Plattform gewisen. Donieft kann een eng digital Visitt vun der Expo maachen, um Site www.artworkcircle.lu.

Programm vun der Soirée:

  • 8h30 : Ouverture vun der Pop-Up-Gallerie fir d’VIP-Gäscht
  • 19h00 : Ufank vum Vernissage a vum Livestream, mat der Musek vun der Jazzsängerin Edith van den Heuvel
  • 19h15 : Interview mam Artist Armand Strainchamp a Presentatioun vu senge Wierker
  • 19h45 : Concert vum Edith van den Heuvel
  • 20h15 : Kuerzen Interview mam Edith van den Heuvel an Enn vum Livestream
  • 20h25 : Concert vum Edith van den Heuvel a Clôture vun der Soirée

Back to Top
CIM LOGO