Dance from home!D'Gewënner sti fest

RTL Lëtzebuerg
De Publikumspräis ass fir de Remy Pagard mat "Daily Feeling". De Präis vum Jury fir de Georges Maikel Pires Monteiro fir "It gets better".
Georges Maikel Pies Monteiro
Georges Maikel Pies Monteiro
© Bohumil Kostohryz

D’Coronakris huet de Kultursecteur ganz haart getraff. De Beräich vum Danz leid ganz besonnesch ënnert de Restriktiounen. D’finanziell Ënnerstëtzung vum Kulturministère ass dat eent, et war dem Trois-C-L, dem Centre de Création choréographique luxembourgeois awer wichteg, d’Kënschtler och op artistesch Manéier z’ënnerstëtzen. Well d’Kulturhaiser zou waren, gouf et eng ganz Partie Danz-Videoen.

De Projet Dance from home! huet d’Form vum Video-Danz, déi an den 1980er Joren gebuer gouf, opgegraff an d’Dänzer opfuerdert eng Choreographie ze kreéieren an opzehuelen an esou dem Publikum an engem professionelle Jury ze weisen. De Video sollt maximal 10 Minutte laang sinn an huet d’Konditioune vum Confinement musse respektéieren, wéi se bis den 11. Mee festgehale waren: dat heescht doheem an nëmmen zesumme mat deene Mënschen, déi bei hinne liewen oder am Respekt vun de Sécherheetsmesuren.

Déi verschidde Videoen hëllefen och an Zukunft dem Dänzer eng Visitte-Kaart vu sech a senger Aarbecht ze ginn.

Tëscht dem 4. an dem 14. Juli konnt ee sech d’Videoen ukucken an ofstëmmen.
Op kuk.lu war den 16. Juli déi grouss Präisiwwerreechung.

Prix du Public (dee mat 2.000€ vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte dotéiert war):

Nominéiert waren:
* Remy Pagard: Daily Feeling - Gewënner

* William Cardoso: La Baignoire

* AWA - As We Are (Catarina Barbosa et Baptiste Hilbert): HER

1516 Stëmme koumen eran

Remy Pagard
Remy Pagard

Prix Du Jury Professionnel international (de mat 2.500€ vum Trois C-L dotéiert war):

* Jill Crovisier avec 30 YEARS LATER

* Jennifer Gohier et Grégory Beaumont (Corps in Situ) avec RIDE THE TIGER

* Georges Maikel Pires Monteiro avec It Gets Better -Gewënner

Georges Maikel Pies Monteiro
Georges Maikel Pies Monteiro
© Bohumil Kostohryz

“Les membres du jury ont apprécié la qualité artistique, la chorégraphie, la dramaturgie, les costumes faits-maison, la sincérité, l’intimité de l’histoire ainsi que le sentiment « d’unité familial » qui reflétait parfaitement la situation de confinement. “

All d’Videoen vum “Dance from Home!” nach emol kucken

Back to Top
CIM LOGO