
An engem Communiqué schreift d’Ekipp ronderëm d’Kulturhaaptstad 2022, datt d’EU Kommissioun an hire Recommandatioune festgehalen hunn, datt Esch2022 an enger stabiller politescher a finanzieller Situatioun wier a vun nationaler Unerkennung an dem Asaz vu verschiddenen Acteure profitéiere kéint.
De 27. Mee gouf den zweete vun am Ganzen dräi Monitoringe vun de Responsabele vun Esch2022 zesumme mam Kulturministère per live Schaltung der europäescher Kommissioun presentéiert. Dobäi gouf de Rapport vun zejoert a vum Ufank vun 2020 gemaach. Doropshin huet d’Kommissioun Recommandatiounen ausgeschafft.
Ënnert den 13 Recommandatiounen heescht et zum Beispill, datt et elo un der Zäit wier, fir artistesch Visiounen an d’Praxis ëmzesetzen, datt a Kooperatioun mat Kënschtler aus ganz Europa zesummegeschafft soll ginn oder datt un alternative Pläng geschafft soll gi wéinst méiglechen Aschränkungen duerch déi aktuell Pandemie.
Der Ekipp vun Esch2022 no géif u ville vun de Recommandatiounen aktuell souwisou scho geschafft ginn, respektiv wiere verschiddener schonn an der Ëmsetzung.
Déi nächst Recommandatioune vun der EU-Kommissioun wäerten et am Hierscht 2021 ginn.