D’Geschicht baséiert op engem Bestseller vum Christina Campos a gouf a Co-Produktioun mat der Lëtzebuerger Firma Deal productions realiséiert. Gedréit gouf op Mallorca a Gran Canaria.
Mat dobäi, de Schauspiller Tommy Schlesser. An hie verréit eis, ëm wat et genee am Film geet a wéi de Lëtzebuerger mat just e puer spuenesche Wierder seng Roll gemeeschtert huet. De Film kënnt dann och am Februar bei eis hei an de Kino.