
Am neien Trailer vum nächsten James Bon "No time to die" kritt een scho mol en Avant-goût vum Film, deen jo am Abrëll nächst Joer an eis Kinoe kënnt.
Maacht iech selwer e Bild vum neien James Bond a kuckt iech den Trailer hei un:
Hei gesäit een dann déi gewinnte Bond-Zeenen: Course-Poursuitten, den Agent 007 (verkierpert vum Daniel Craig), deen sech vun enger Bréck gehäit, eng nei weiblech Agentin an natierlech och d'Géigner vum James Bond.