"Ombres électriques"Den éischte Spektakel am Escher Theater nom Confinement

RTL Lëtzebuerg
No laanger Paus ass e Sonndeg den éischte Spektakel am Deconfinement am Escher Theater: "Ombres électriques". Et ass un ee jonke Publikum geriicht.

D’Opféierung e Sonndeg, de 5. Juli, um 11 Auer ass virop fir Kanner vu 4 bis 7 Joer. Ouni Stëmmen, mee mat ville Beweegungen a Luuchte kann ee mat der däitscher Compagnie florschütz & döhnert an eng aner Welt andauchen. Vum 6. bis den 8. Juli ginn am Ganze 6 Representatioune fir Schoulklassen organiséiert.

Den 2. Spektakel ass de Concert “Ma barque vagabonde” mat den Artiste Sascha Ley a Véronique Nosbaum, den 14. Juli um 20 Auer.

Bei béiden Opféierunge muss sech natierlech un d’sanitär Reegele vum Deconfinement gehale ginn. Déi kann een um Internetsite vum Theater noliesen.

Liest hei den offizielle Schreiwes.

Back to Top
CIM LOGO