Kino-Feeling an Zäite vu CoronaDen Autokino kënnt zeréck op Iechternach

RTL Lëtzebuerg
An Zäiten, an deene gréisser Manifestatioune verbuede sinn, erliewen Drive-in-Kinoe grad weltwäit e Revival.

Och zu Lëtzebuerg gëtt den Ament versicht, de d’Kulturzeen esou gutt et geet un d’Mënschen dobaussen ze bréngen. An deem Kader gëtt fir eng 10. Kéier den Drive in Cinema beim Iechternacher Séi organiséiert. Schonn am Mäerz hunn d’Organisateuren ugefaangen, dat “normaalt” Konzept ëmzegestalten an e Kino-Event ganz am Zeeche vu Social Distancing z’organiséieren.

Sécherheet geet vir

Fir d’Personal an d’Filmfrënn esou gutt et geet ze schützen, goufen eng Partie Mesurë geholl. Bezuele mécht ee vun doheem aus, Tickete ginn duerch d’zoue Fënstere per Barcode gescannt. Eng Oweskeess wäert et net ginn. An all Gefier dierfe maximal 2 Erwuessener an hir Kanner sëtzen (bis 14 Joer).

Fir Toiletten op der Plaz ass gesuergt, ma och hei muss ee bestëmmten Hygiènesreegelen anhalen. Et dierfen ëmmer nëmme maximal 2 Persounen eran. D’sanitär Ariichtunge ginn no all Gaascht desinfizéiert. Grondsätzlech gëtt awer recommandéiert, virum Trajet op Iechternach nach op d’Toilette ze goen. Och un Iessen a Gedrénks gouf geduecht. Dëst musst am Viraus online bestallt ginn.

E Kino-Erliefnis op Distanz, dat de Spectateuren awer mat Sécherheet eng Zäit an Erënnerung bleiwe wäert.

Programm

28.05. Bad Boys 3/VA
29.05. Känguru Chroniken /VA
30.05. Onward- keine halben Sachen VA-Familientag
31.05. Nightlife/VA
01.06. Birds of Prey/VA
02.06. Narzizz und Goldmund/VA
03.06. Bad Boys 3/VA
13.06. Elvis Presley Abend mit Doku und Konzert mit Steven Pitman-LIVE

De weidere Programm gëtt eréischt zu engem spéideren Zäitpunkt matgedeelt.

PDF: Communiqué Ciné Sura (7.5.2020)

Back to Top
CIM LOGO