De Begrëff “Sollbruchstelle” beschreift eng Platz an enger Struktur, déi bei enger Belaaschtung brécht. Bei dëser Installatioun ass et zwar keng prezis Platz déi beschiedegt gëtt, ma dat ganzt Wierk.
Soubal e Visiteur an de Pavillon era kënnt, fänken d’Hummeren u sech ze beweegen. Ausgeléist gëtt dat duerch e Beweegungsmelder.
Inspiréiert duerch dem Schwäizer Kënschtler Jean Tinguely seng Wierker, déi sech ëmmer selwer zerstéiert hunn, stécht och beim Max Mertens senger Konscht den Akt vun der Zerstéierung ervir. Sou also och bei dësem interaktive Wierk, dat sech nach bis de 5. September veränneren a weider zerstéiere kann.