
2016 war déi éischt Editioun vun der Initiative “De Mains de Maîtres”, déi vun der ierfgroussherzoglecher Koppel lancéiert gouf fir dem Handwierk a vrun allem dem Konschthandwierk méi Visibilitéit ze ginn. Och d’Plaz- dat fréiert an nei renovéiert Arbedsgebai - huet der Ausstellung dee richtege Kader gebueden. Well de Succès an den Intérêt esou grouss waren, ass eng ASBL enstanen an eng Biennale.
No engem internationale Parcours 2019 ass et elo am November déi 3. Editioun vun “De Mains de Maîtres” an der Stad. Bis den 31. Mäerz kënnen d’Kënschtler sech mellen.
Vum 26. bis den 29. November kann de Publikum nees d’Kënnen an d’Schafe vun Artiste gesinn, déi sech dem Konschthandwierk verschriwwen hunn, den 30. November ass den Dag fir d’Schüler. Déi Deeg ass souwuel d’Adress 19. Liberté- dat fréiert Arbedsgebai op a steet am Zeeche vun dëse Biennale. Mä wéi schonn 2018 geet et och déi Kéier aus de Maueren eraus an d’Muséeën, d’Galerien, d’Atelieren an der Stad Lëtzebuerg.
Appel à candidatures “De Mains de Maîtres” Edition 2020
De Mains de Maîtres - Impressiounen vun 2018
Präisiwwerreechung “De Mains de Maîtres” 2018
“Salon Révélations” 2019 zu Paräis- Luxembourg Pays à l’honneur