Luxembourg Open AirDéi 2. Editioun vum elektronesche Museksfestival ass den 12. an 13. September

RTL Lëtzebuerg
Nom grousse Succès vun 2019 war et séier decidéiert vir den DJ Festival och 2020 z'organiséieren a nach en Dag drun ze hänken.
© Luxembourg Open Air

Den Datum steet mam 12. an 13. September 2020.

D’Organisateure gleewe fest drun, dass bis dohinner d’Corona-Zäit hanner eis läit.

Elo schonn kann ee sech freeën op Nimm wéi Quintino, Smack an Danko, Michael Calfan, Justin Mylo an Iceleak.

© Luxembourg Open Air

Ween elo scho wëll an de Feeling kommen, dee kann sech hei den Aftermovie vun der LOA-Editioun 2019 ukucken.

Weider Informatioune ginn et hei un offizielle Site vum Luxembourg Open Air 2020, respektiv e Freideg den Owend am Live! Planet People!

Back to Top
CIM LOGO