Dat huet d’BBC e Samschdeg de Mëtteg gemellt a berifft sech op dem Connery seng Famill. Hie koum de 25. August 1930 op d’Welt, huet d’Schoul fréi ofgebrach a sech mat Geleeënheetsjobs iwwer Waasser gehalen. Iwwer Ëmweeër ass hien op d’Schauspillerei komm. No e puer Filmer ass him den Duerchbroch an der Filmbranche gelongen.
De schotteschen Acteur huet an de 60er den éischten James Bond gespillt. 7 Mol huet de Sir Sean Connery de Geheimagent verkierpert a gouf domat zu engem Weltstar. Fir seng Nieweroll am Film “The Untouchables” krut hien 1987 en Oscar, donieft huet hien och 3 Golden Globes gewonnen.
Wéi et vun der Famill heescht, wier de Sean Connery an der Nuecht op den 31. Oktober a sengem Haus zu Nassau op de Bahamas gestuerwen. E wier ageschlof an net méi wakereg ginn. Geene sou, wéi hien et sech gewënscht hätt, sou seng Fra Micheline Roquebrune. Si huet nach ausgesot, dass hire Mann Demenz hat.
45 Joer war de schottesche Schauspiller mat der franséisch-marokkanescher Molerin bestuet. Si hate sech 1970 bei engem Golfturnéier kenne geléiert.