Am Alter vun 79 JoerDe Schauspiller Tim Brooke-Taylor ass u Covid-19 gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
De brittesche Schauspiller ass e Samschdeg un de Suitte vun der Infektioun mam Coronavirus verscheet.

Dat huet säi Manager e Méindeg de Moie géintiwwer BBC confirméiert. Bekannt gouf den Tim Brooke-Taylor ënner anerem duerch de Kinofilm “Willy Wonka and The Chocolate Factory” vun 1971. Hei hat hien d’Roll vum nervöse Computerexpert.

Ier Monty Python bekannt gouf, huet den Tim Brook-Taylor mat Leit wéi de brittesche Schauspiller John Clees, Graham Chapmann an Eric Idle zesumme geschafft. Den Doud vum 79 Joer ale Brooke-Taylor huet dofir och eng Trauerwell bei de Monty-Python-Acteuren ausgeléist.

Back to Top
CIM LOGO