RIPDe legendäre Batteur Tony Allen ass dout

RTL Lëtzebuerg
Am Alter vun 79 Joer ass den Tony Allen zu Paräis gestuerwen. Hie gëllt als Pionéier vum Afrobeat.

Säin Doud koum iwwerraschend, sou säi Manager Eric Trosset. E wier an Topform gewiescht. Hien hätt en Donneschdeg um 13 Auer nach mat him telefonéiert, zwou Stonnen drop hätt en e Malaise gemaach a wier an d’Spidol ageliwwert ginn, wou en du gestuerwen ass.

An de 60 er a 70er Joren waren den Tony Allen de Batteur a musikaleschen Direkter vu sengem Compatriot Fela Kuti, mat deem hien de sougenannten “Afrobeat” gegrënnt huet.

Mam Fela Kuti an dem Grupp Africa 70, huet hien eng 40 Albumen erausbruecht, éier hir Kollaboratioun no 26 Joer en Enn fonnt huet. De Fela Kuti huet eegenen Aussoen no, nom Tony Allen sengem Debart, 4 Batteure gebraucht, fir den Allen ze ersetzen, well säi Rhythmus sou intensiv war.
De brittesche Museker Brian Eno huet den Tony Allen als de beschte Batteur bezeechent, deen hien huet erliewen dierfen.

Den Tony Allen huet sech d’Batterie-spillen selwer bäibruecht am Alter vun 18 Joer.

Back to Top
CIM LOGO