Podpurri - Mir schwätze KulturDe Kënschtler Théid Johanns

RTL Lëtzebuerg
PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

Hien ass en Escher, duerch an duerch, an hien ass Kënschtler, duerch an duerch. An en engagéierte Organisateur an Initiateur vu Kollektiv-Ausstellungen a senger Heemechtsstad.

Mat der Associatioun Cueva huet den Théid Johanns elo fir 6te Kéier d’Initiativ ergraff fir e Site, deen dono ofgerappt oder ëmgebaut gëtt, nach mat Konscht ze fëllen. Am Bâtiment IV um Site vun Arcelor-Mittal weisen 108 Kënschtler hir speziell kreéiert Wierker.

Dohinner hat den Théid Johanns och fir den Interview invitéiert an huet vill an iwwer villes erzielt, iwwer Cueva, Esch 2022, Déi Lénk, Neon-Gréng a Schwaarz-wäiss a seng éischt Molereien an der RTL-Emissioun “L’Ecole Buissonnière”.

Escher a Kënschtler duerch an duerch: mam Théid Johanns geet rieds iwwer Konscht, seng Heemechtsstad an d’Kollektiv-Expo Bâtiment IV.

Bâtiment 4 Expo
108 Kënschtler stellen aus.

D’Ausstellung am Batiment IV dauert nach bis den 6. Dezember, si ass ëmmer op vu freides bis sonndes a leeft ënnert de virgeschriwwene Sécherheetsmesüren, et muss ee sech awer net umellen.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d’Woch um Radio, op rtl.lu an als Podcast op Spotify an iTunes.

Podpurri - Mir schwätze Kultur

Podpurri - Episod 10: Marly MarquesPodpurri - Episod 9: Francis KirpsPodpurri - Episod 8: Pascal SchumacherPodpurri - Episod 7: Susanne JaspersPodpurri - Episod 6: René PenningPodpurri - Episod 5 “Nickel Bösenberg”Podpurri - Episod 4 “Anne Mélan”Podpurri - Episod 3 “Gintare Parulyte”Podpurri - Episod 2 “Carole Lorang”

Podpurri - Episod 1 “CHAiLD”

RTL Podcasts abonnéieren
Internetsite vum Marly Marques Quintet

Back to Top
CIM LOGO