Bis 2025De Gustavo Gimeno bleift Chefdirigent vum OPL

RTL Lëtzebuerg
Zënter 2015 leet de Gustavo Gimeno de Lëtzebuerger Orchestre Philharmonique an huet elo eng weider Kéier säi Kontrakt ëm 3 Joer verlängert.
© RTL Archiv

De Chefdirigent vum OPL, de Spuenier Gustavo Gimeno, deen zënter dem 24. September 2015 den OPL leet, huet säi Kontrakt verlängert.

Grond dierft déi extrem erfollegräich Entwécklung vum OPL zënter senger Arrivée zu Lëtzebuerg sinn.

Bis 2025 huet de Gimeno sech elo verflicht, also eng Kontrakt-Verlängerung vun 3 Joer.

PDF: Gustavo Gimeno bleibt bis 2025 Chefdirigent des Orchestre Philharmonique du Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO