Live aus der Stuff - ReplayDe Claus

RTL Lëtzebuerg
Där schéiner aler Lëtzebuerger Lidder fir matzesangen.

De Claus huet 2010 zesummen mam Eric Falchero den Duo Krunnemécken gegrënnt. Si versti sech selwer als Stroossemuseker, déi fir gutt Laun suergen.

An hirem Repertoire si vill traditionell Lëtzebuerger Vollekslidder, ma awer och bekannten Hits aus der Rockgeschicht. Virun allem suerge si fir eng gutt Bistrosathmosphär.

De Sonndeg den Owend um 20:00 Auer huet de Claus op sengem Akkordeon, oder wéi hien et esou schéi nennt, op sengem Panzpiano gespillt.

Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.

Back to Top
CIM LOGO