Zu Éiere vum FleegepersonalDe Banksy moolt eng Infirmière als Superheldin

RTL Lëtzebuerg
D'Batman- an d'Spiderman-Figure leien am Drecksbac. De klenge Jong um Bild spillt dofir mat enger Popp, déi ausgesäit wéi eng Infirmière.

An déi huet wéi eng richteg Superheldin ee sougenannte “Cape” un an och eng chirurgesch Mask. Am Spidol vu Southampton a Groussbritannien huet de Streetart-Kënschtler Banksy dem Fleegepersonal Merci gesot a si als Helden op der Mauer veréiwegt. Dat ganzt Bild huet hien op de soziale Medie verëffentlecht.

De Banksy ass duerch seng Konschtwierker an duerch speziell Aktiounen op der ganzer Welt bekannt. 2018 huet hien op enger Stee, kuerz nodeems d’Bild kaf gouf, säi Wierk selwer zerstéiert, dat mat engem agebaute Pabeier-Schredder an der Rumm vum Tableau.

Back to Top
CIM LOGO