KinoDe 77. Filmfestival vu Venedeg huet e Mëttwoch ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
Et ass deen éischte grousse Filmfestival zanter dem Ufank vun der Corona-Pandemie.

Deen zu Cannes am Mee war jo ofgesot ginn. Zu Venedeg leeft dat Ganzt ënnert strengen Hygiènesmesuren of. Et gi keng Fans beim rouden Teppech zougelooss, et ass vill manner Hollywood-Prominenz op der Plaz an och manner Zuschauer an de Kinossäll.

D’Ouverture vum Festival gëtt mam neapolitaneschen Drama “Lacci” vum Daniele Luchetti gefeiert, engem Film, deen ausser Konkurrenz leeft.

Andréck vu Venedeg

Den Tom Dockal ass fir eis op der Plaz an huet e kléngen Avant-goût, wéi deen drëtt wichtegsten europäesche Filmfestival iwwert d’Bün wäert goen:

Filmfestival Venedeg

Op der Berlinale hat et nach vu Wäitem schwéier Corona-rumouert a keng zwou Woche méi spéit, wärend dem Luxembourg City Film Festival, war de Virus do. Op senge leschte Meter, zwee Deeg viru Schluss, gouf de Festival fréizäiteg annuléiert. Zanterhier huet sech d’kulturellt Liewe bekanntlech an den Internet verzunn an och eng Abberzuel vu klenge spezialiséierte Festivalle sinn dëse Wee gaangen.

Ausser Cannes a Venedeg. Digital wier keng Optioun. Déi Responsabel vu Cannes hunn awer iergendwann missen d’Handduch geheien an hunn e “Label Cannes” un eng Selektioun vu Filmer verginn. D’Italiener konnten dank hirem traditionelle Slot am spéide Summer ganz natierlech méi op Zäit spillen. A ginn elo tatsächlech den Defi un, esou eppes ewéi Filmfestivalsstëmmung opkommen ze loossen.

Stars a Stärercher, Bling-Bling a Party wäerten dëst Joer awer net Deel vum Programm sinn. Esouguer de rouden Teppech, feste Bestanddeel vun engem Filmfestival, an deen um Lido déi leschte Joren op d’mannst esou vill, wann net esouguer méi Prominenz accueilléiert huet, gëtt déi nächsten Deeg net ausgerullt.

Och wann d’Mostra aus deem Bléckwénkel an net ganz iwwerraschend éischter moer ausfält, esou freeë sech d’Cinephillen op eng inhaltlech ganz ongewinnten Editioun vum Filmfestival. Wéinst de bekannten Ëmstänn an den USA gehéieren amerikanesch Bäiträg dëst Joer zur Minoritéit. An dat wëll eppes heeschen - fir e Festival, deen dem Alfonso Cuaron säin Netflix-Film Roma a lescht Joer den Joker mam Gëllene Léiw ausgezeechent huet. Natierlech, de Pedro Almodovar huet mam Tilda Swinton an den Hygiènesmesuren, déi jiddereen operluecht krut, mat der Cocteau Adaptioun vu “La voix humaine” e Kuerzfilm am Programm, mee am grousse Ganze gesäit och eng Haaptkompetitioun aus ewéi eng “Nieweselektioun zu Cannes”.

Keen Netflix, kee Glanz a Gloria, mee dofir sti sech iwwert de reduzéierte Programm al Meeschtere mat bis ewell onbekannte Regienimm niefteneen. An nom Gemauls op alle Borden huet d’Ekipp ronderëm den directeur artistique Alberto Barbera et no ville Jore fäerdegbruecht, d’balance des genres an der “competizione officiale” besser auszegläichen. Aacht vun am ganzen 18 Filmer si vu Frae realiséiert. Dat wäert net just nëmmen d’Jurypresidentin Cate Blanchett freeën.

Loosse mer hoffen, dat d’Masken an déi alldeeglech Temperaturmoossungen an der Entrée engem net de leschte Fonke Festival-Pleséier ewechhuele wäerten. Well och mam social distancing ass d’Droe vun enger Bedeckung wärend de Filmer am Sall obligatoresch.

Back to Top
CIM LOGO