
D’Reouverture huet allerdéngs net enorm vill Visiteuren ugezunn. Ma déi, déi de Wee an de Musée an der US-Metropol en Donneschdeg fonnt hunn, konnten dovu profitéieren, déi weltberüümte Wierker vu Kënschtler wéi dem Van Gogh, Warhol oder Monet ouni d’gewinnte Massen u Leit ze genéissen.
An och an den nächste Woche bleift d’Zuel vu Visiteure limitéiert. Am Virfeld muss e bestëmmten Zäitfënster fir d’Visitt gebucht ginn. Pro Stonn ginn all kéiers just 100 Persounen an de Musée eragelooss.
Nieft dem MoMA soll e Samschdeg och de gréisste Musée vu New York, de Metropolitan Museum of Art seng Dieren erëm opmaachen. All déi aner Muséeë bleiwen awer nach bis Ufank Oktober zou.
