Musée des MinesD'Diere sinn nees op, ma nëmme limitéiert

Christophe Hochard
Déi aktuell sanitär Kris huet och Repercussiounen op déi verschiddenst touristesch Attraktiounen hei zu Lëtzebuerg.
Musée des Mines ass nees op
Déi aktuell sanitär Kris huet och Repercussiounen op déi verschiddenst touristesch Attraktiounen hei zu Lëtzebuerg.

Sou konnt de Musée des Mines zu Rëmeleng eréischt dës Woch seng Aktivitéiten nees ophuelen. Ënnert restriktive Konditioune kënne Visitten ënnerdaach organiséiert ginn.

Den Zuch, deen d’Visiteuren an d’Rëmelenger Minn eraféiert, ass nees am Asaz. An dat ëmmer vun dënschdes bis sonndes. 4 Mol den Dag. Maximal 19 Persoune kënne mam Minièreszuch transportéiert ginn.

Wéinst der Corona-Kris konnt d’Saison net ewéi geplangt am Abrëll ufänken. An och elo si guidéiert Visitten duerch d’Minn net erlaabt. Dowéinst ginn aner Aktivitéite proposéiert. Sou hunn d’Leit de Sonndeg de Moien en Abléck an déi verschiddenst Grouwe-Luuchte kritt. Vun der Antikitéit bis haut. Do goufen et zum Beispill Uelegluuchten.

Vun 1898 bis 1963 war d’Rëmelenger Minn aktiv. 70 Leit hunn an hei hir Sue verdéngt. Elo sinn 12 benevole Leit aktiv. Si wëllen un d’Zäit vum Biergbau erënneren.

Ronn eng Stonn sinn d’Leit ënnerdaach a kréien Explikatioune ronderëm déi verschiddenst Luuchten-Typpen.

Zanter September 2019 ass en Deel vum Site am Chantier. Den Accueil vum Musée des Mines gëtt ëmgebaut. Am Abrëll 2021 kéinten d’Aarbechten ofgeschloss sinn.

Um Internetsite mnm.lu, dem Rëmelenger Grouwe-Musée, fënnt een detailléiert Informatioune ronderëm d’Visitten an d’Präisser.

Back to Top
CIM LOGO