
Ënnerstëtzt gëtt d’Autorin dobäi vun hirem Jong, dem Benjamin Frank, dee sech mat den Illustratioune vill Méi ginn hat. Dëse Roman fir „Grouss Kanner“ ass 2018 bei Editions Schortgen erauskomm. Donieft héiert Dir och nei Texter, déi sech op eis aktuell Covid-19-Situatioun bezéien. (All doheem / Banannen am Weltall).
D‘Liesung riicht sech un all Altersgruppen, vu 9-99 ongeféier.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère. De ganze Programm op der Facebooksäit “Live aus der Stuff”.